Fassadbotz eng duus an nohalteg Behandlung.
Bei der Fassadebotz gëllt “aus Al maach Nei”. Am Laf vun der Zäitwucheren Algen, Flechten oder Moos op de Fassaden. Dat gesäit net nëmmen onästheetesch aus mä ass och nach op Dauer schiedlech.
Fir Immobilieverwaltungsfirmen, Baukooperativen a Privathaiser:
Eliminéiere vu Knascht, Schimmel an Algen
Eis Botzen ass bis zu 70% mei bëlleg wéi neien Ustrach
Laangfristege Schutz virum Knascht mat der Cleanix Protect Behandlung no der Botz
Entdeckt Cleanix a seng besonnesch Approche vun der Fassadebotz.
Loosst net zou, dass de Knascht d’Ausgesi vun Ärem Haus beanträchtegt. Gënnt him eng Verjéngungskuer mat eisem professionelle Fassadebotzservice!
Botz vun da Facade - Wéi funktionéiert
70% mei bëlleg wéi neien Ustrach
4 Etappen fir eng propper Fassad:
Rendez-vous fir eng gratis Testberäich!
Uwendung vun engem Botzprodukt entwéckelt vu Cleanix deen en direkt sichtbaren Effekt huet.
Douce Botzen vun Ärer Fassad
Uwendung Laangfristege Schutz virun Alge mat Cleanix Protect.
An nëmmen engem Dag wäert Är Fassad erëm mat neie Glanz blénken.
Wéi funktionéiert et
Berodung a Bewäertung
Planifikatioun an Ausféierung
Suivi an Zefriddenheet vum Client
Oft gestallte Froen
Mir hunn divers Méiglechkeeten Är Erwaardungen z’erfëllen.
Zéckt net eis ze kontaktéieren.
Eng effikass Fassadebotz kann net mat Biischten duerchgefouert ginn.Firwat ass et eng schlecht Iddi? En Hausbesëtzer stellt sech dës Fro zu Recht, wuelwëssenddass Biischten an Héichdrockapparater zu schnellen a siichtbare Resultaterféieren. Op dem éischte Bléck, jo. Awer mat dëse Methode ginn, ausser de geziilten an onerwënschtenOrganismen, och nach kleng Fragmenter vun der Fassad lass. Dat kann een netdirekt beobachte mä déi beschiedegt Plaze sinn déi ideal Ugrëffsfläch fir d’Fiichtegkeet. An nach méi schlëmm: Mechanesch behandelt Uewerfläche gi rau a bidden deperfekten Terrain fir eng Usiidlung vu Sporen. Ganz séierkomme Moos, Algen a Flechten zréck.
D’Erfarung huet eis bewisen, dass eng schounend Behandlung eng nohaltegWierkung huet. Mir verzichte bewosst op Chlor a Bleechmëttelen, well dës Botzmëttelenoch an enger verdënnter Form onerwënscht Wierkungen hunn – se gräifen d’Fassad duerchOxidéierung un, wierken ätzend oder verfierwen d’Uewerfläch. Cleanix setzt op eng duuss mä effizient Method. D’Botzmëttel vu Cleanixwierkt nëmmen op organesch Stoffer an hemmt esou d’Wuchere vun Algen, Moos a Flechten.D’Wierkung begeeschtert, d’Resultat iwwerzeegt.
Dës Algenzort bilt sech heefeg bei Bëscher, Beem an Hecken.
D’Spueren déi vun dësen Alge verursaacht ginn, ginn oft mat einfachemDréck verwiesselt oder dem Autosverkéier zougerechent. Wann Är Fassad enggrouss verfierfte Fläch opweist, obwuel keng staark befuere Strooss an derGéigend ass, dann ass se héchstwarscheinlech mat Schwaarzalge kontaminéiert.
Routalgen enthalen de Faarfstoff Karotin (vum laténgesche Carota:"Karotte"), dowéinst hir roudelzeg Faarf. Se hunn e ganz speziellen Aspekt– meeschtens bilde si vertikal rout Sträifen a befalen nëmme bestëmmteVerbotzzorten. D’Cleanix-Formel enthält e Wierkstoff, deen nëmmen op befalene Plazen agesatgëtt, déi sech och selwer rengege kënnen. Et handelt sech also net ëm eRengegen am klassesche Sënn, mä ëm eng Behandlung mat laangfristeger Wierkung. Mir roden Iech of, ze probéieren, d’Alge selwer z’eliminéieren. Wannd’Uewerfläch net entspriechend virbehandelt ginn ass, kann engAlgekontaminatioun nëmmen duerch Waasser mat héijem Drock ewechgemaach ginn.Dës Behandlung verwittert de Verbotz a mécht e rau, ganz dovunner ofgesinn,dass d’Kontaminatioun net déifgräifend eliminéiert gëtt. Esou kënnen Algen aPilze sech weiderentwéckelen a sinn no e puer Méint nees siichtbar. Ausserdeemhannerléisst eng Behandlung mam “Kärcher” oft Spueren op der Uewerfläch. Et assnet méiglech, déi aktiv Substanze vun eisem Cleanix-Produit ze kafen a seselwer opzedroen. Natierlech kënnt Dir d’Fassad nei usträiche loossen, awer dat ass oft deiera komplizéiert. Mat eisem Verfaren ass et fir d’éischte Kéier méiglech,Flechten an Alge vollstänneg z’eliminéieren, ouni nei usträichen ze mussen.Duerch eis Behandlung gi Moos, Algen a Flechten déifgräifend an zu 100%zerstéiert, ouni de Verbotz ze beschiedegen. Dank der déifwierkender Behandlungass d’Fläch 6 bis 10 Joer laang viru Schwaarzflechten an 2 bis 5 Joer laangviru Gréngalge geschützt. Mir brauche kee Gerüst, wat dësMethod immens virdeelhaft mécht. Am Verglach zu engem Neiustrach spuert Dirongeféier 80% vun de Käschten.
Um Land ginn d’Fassade méi séier beschiedegt ewéi a stättesche Géigenden. Gréngzonen, Bëscher oder Beem an Hecken,déi sech an der Ëmgéigend befannen, favoriséieren den Algewuesstem. Och d’Presenzvu Flëss, Séien oder Weieren a Biotopen, verstäerkt de Risiko vun enger mikrobiellerKontaminatioun.
Déi Fassad déi de Wiederen am meeschten ausgesat ass, ass méi staarkbetraff, well do d’Sonn net oder bal net schéngt.
Ze kuerz Fënsterbänke loossen d’Reewaasser net richteg offléissen, soudasset laanscht d’Fassad erofleeft. Oft bilde sech "Waasserspueren" ënnertde Fënsterbänken.
Eis Servicer
Kontaktéiert eis!
Mir sinn telefonesch oder iwwer E-Mail erreechbar, fir Är Froen ze beäntweren.